Telegramm vum 11.10.2024
Der rosa Oktober, Hype oder Hölle
Der Oktober ist rosa. Von hell bis dunkel scheint es in Parks, von Postern und auf unzähligen Gadgets.
Die gutgemeinte und wichtige Aktion, über Brustkrebs zu informieren und nebenbei Spenden zu sammeln, ist nicht schlecht und dient der Forschung um dem Brustkrebs Herr zu werden.
Frohe und motivierte Menschen posieren vor Kameras und versprühen eine ungeahnte Solidarität.
Wahrscheinlich werden einige Frauen, die dort mitmachen, sich zur Mammographie anmelden, weil sie während der Aktionen ein mulmiges Gefühl beschleicht und weil sie denken, warum habe ich das nicht.
Viele Frauen verfolgen dieses rosa Treiben von zu Hause aus oder aus dem Krankenhaus. Manche finden diesen Hype toll, manche nicht.
Vergessen sind die unzähligen Frauen die unter verpfuschten Mastektomien und misslungenen Brustrekonstruktionen leiden.
Mastektomien haben, im Gegensatz zu dem was man meinen könnte, kein schönes Resultat. Frauen finden sich mit Beulen, Dellen, grausamen Narben, mit umherhängenden Hautfetzen unter den Armen und im früheren Dekolleté wieder. Diese Frauen wurden absichtlich so zugerichtet um sie zu einer Brustrekonstruktion zu drängen. Manch ein Chirurg beherrscht die Operationstechnik des ästhetisch flachen Verschlusses nicht.
Andere Frauen haben sich zu einer Brustrekonstruktion überreden lassen und leiden unter ihren Brustimplantaten. Oft bekommen Frauen viel größere Implantate eingesetzt, als vor der Operation abgesprochen war. Manche Frauen werden auf ihre Implantate bestrahlt und haben über Jahre eiternde Öffnungen an ihren rekonstruierten Brustformen. Implantate sind, im Gegensatz zu dem was versprochen wird, nicht sicher und können unzählige Leiden auslösen.
Eigengewebstransplantationen können aus den verschiedensten Gründen nicht anwachsen und verfaulen an der Stelle wo die vermeintlich neue, viel schönere Brust kommen sollte. Als Bonus haben die Frauen zusätzlich riesige, schmerzende Narben am Bauch, Gesäß oder Rücken.
Es wird vergessen, dass diese Frauen krank sind und dass alle Brustrekonstruktion zusätzliches Leid und Schmerzen verursachen. Diese Situation kann nicht in Worte gefasst werden und ist einer modernen Gesellschaft nicht würdig.
Es wird immer auf eine Rekonstruktion gepocht, weil Frauen sich angeblich besser mit einer Brustform fühlen und ihr Selbstwertgefühl wäre anscheinend wiederhergestellt. Wenn eine Frau sich der Rekonstruktion widersetzt, muss sie ein psychiatrisches Zeugnis vorlegen um zu zeigen, dass sie im Besitz ihrer mentalen Fähigkeiten ist.
Diesen Frauen wird nicht geholfen. Auch nicht während des rosa Oktobers. Verschämt wird nicht hingeschaut. Niemand bietet Hilfe an. Kein Onkologe und keine Gesundheitskasse. Hauptsächlich weibliche Mitglieder des Gesundheitssystems und Hilfsorganisationen sind sehr gemein und unverschämt, wenn eine Frau das Thema anspricht, sie wolle einen schönen ästhetischen Verschluss und keine Brustrekonstruktion jeglicher Art.
Es überschreitet jede Vorstellungskraft was Frauen hören müssen, wenn sie sich einer Brustrekonstruktion widdersetzen. Das Leben ist für diese Frauen die Hölle.
Es wäre an der Zeit, dass die Begeisterten des rosa Oktobers auch den Frauen zur Seite stünden, die einen schönen flachen Verschluss wünschen. Schließen sie sich den internationalen Bewegungen an die sich für den AFC, Aesthetic Flat Closure, einsetzten. Sprechen sie das Thema an und helfen sie den betroffenen Frauen um aus ihrer, bis jetzt, unlösbaren Situation heraus zu kommen.
Dann ist auch für diese Frauen der Oktober rosa.
Telegramm vum 22.04.2024
Broschtkriibs. AFC. Du wëlls no denger Mastektomie e schéine flaache Verschloss hunn a kee Broschtopbau? Looss dech DIREKT bei e plasteschen oder onkoplastesche Chirurg iwwerweisen fir deng Mastektomie ze maachen!
Huel dës Duerstellung (als PDF wann's de drop klicks) mat, fir ze froen wat fir eng Zort Narb du erwaarde kanns.
Dëse Spezialist informéiert dech am Detail a mecht dir e schéine Verschloss ouni Dellen oder iwwersteend Haut. Och deng Cicatricen solle sou schéi wéi méiglech sinn an deng Äerm voll beweeglech bleiwen. De plasteschen oder onkoplastesche Chirurg ass e ganz wichtige Member an dengem Team dat sech ëm deng Gesondheet këmmert!
Eng Lëscht vun dësen Topchirurgen fënns du am Telefonsbuch an an dengem Spidol. Fro däi Gynekolog oder däin Onkolog fir dir ze hëllefen de passende Chirurg ze fannen. Mir hu mëttlerweil e puer Adressen vun Dokteren, déi dem AFC frëndlech gesënnt sinn.
Ruff an denger Krankekees un, fir dech beroden ze loossen wéinst eventuellen Méikäschten.
Wann's du no denger Mastektomie (och viru mi laanger Zäit) nach Erhiewunge vun Haut oder Speck hues an du bass net zefridde mat dengem Ausgesinn, fro ongenéiert eng Zweetmeenung. Et muss onbedengt ausgeschloss ginn, datt Broschttissu no denger Operatioun Rescht ass!
Fraen déi no enger Mastektomie keng Radiotherapie an/oder keng Chemotherapie kruten, riskéieren datt an deene Knuppen Broschttissu bliwwen ass an do kënne sech vläicht nach Kriibszellen ophalen.
No enger Mastektomie soll eng Fra emol am Joer en Ultraschall vum Terrain gemaach kréien, wou fréier hir Broscht war! Dës Ënnersichung ersetzt d'Mammografie. Looss dech vun denger Gynäkologin bei eng Rëntgendokterin iwwerweisen!
Telegramm 26.10.2023
Eng Alternativ zum Broschtopbau sinn Tattooen. Et ginn temporär Biller, déi no puer Deeg ofgewäsch ginn. E richtegen Tattoo, deen d'Mastektomie Cicatricen iwwerdeckt, soll gutt geplangt sinn. Et kann een sech bei senger Dermatologin renseignéieren ob een en Tattoo verdréit. En Narbe Cover soll fréistens 2 Joer no der Operation gemaach ginn, no gudder Iwwerleeung a vun engem spezialiséierten Tattoo Kënschtler. Och muss d'Radiotherapie mat a Consideratioun gezu ginn, d'Haut ass no der Bestrahlung méi empfindlech. Et däerf een sech net an enger Antibiotika- oder Kortisonbehandlung befannen. Op de Beispillbiller vun Not Putting on a Shirt gesäit een haaptsächlech grouss Motiver. Filligran Dessine kënnen awer grad esou flott sinn a vun den Narben oflenken.
Schon 2019 huet eng jonk Fra aus dem Québec, d'Marie-Claude Belzile, versicht d'Öffentlechkeet iwwert d'Problematik vun de gezwongene Broschtrekonstruktiounen opmierksam ze maachen. Mat Leif a Séil huet dës doper Patientin versicht durchzesetzen, datt Fraen direkt offeréiert kréien, schéi flaach ze bleiwen. Et ass immens traureg datt weder deemols, nach haut de Corps Médical, nach d'Krankekees des valabel Optioun vum schéine, flaache Verschloss offiziel ubidden. Dat eng Broschtkriibspatientin hir Kraaft fir esou eng riseg Missioun muss asetzen ass onglaublech an immens grausam. Hautzudags si méi Fraen an Associatiounen engagéiert fir dat den AFC endlech unerkannt gëtt, weltwäit. Speziel jonk Fraen verléieren duerch Broschtrekonstruktioune wäertvoll Liewenszäit. Mir erwaarden méi Empathie vun eisen Dokteren a Krankekeesen a bieden si Courage ze hunn an och déi Fraen ze ennerstëtzen déi kee Broschtopbau wëllen.
Leider ass dat wonnerbaart Marie-Claude vill ze fréi, den 20.12.2020 am Alter vun 33 Joer gestuewen.
Di europäesch Leitlinne gi vir, datt eng Broschtkriibspatientin ALL Méiglechkeete virgeschloe kritt, wéi si operéiert ka ginn a wéi si no hirer Mastektomie wëll ausgesinn cf. S. 326. De Wonsch eng Mastektomie ze kréie, läit och bei der Patientin cf. S. 327. Demno feelt just datt d'"Outcome Mesure" vun einer schéiner Thorax Rekonstruktioun net an dësem Dokument steet. Mir mengen dës Méiglechkeet muss schnellstens de Fraen ugebuede ginn a, genee wéi all Broschtopbau mat Volumen, vun de Krankekeese bezuelt ginn.
D'Märercher déi de Patientinne verzielt ginn, mussen ophalen an eng, fir di betraffe Frae, gutt Léisung ugeschwat a mat Geschéck durchgeféiert ginn.
Wa weider op e Broschtopbau, ouni Rücksicht op Verloschter, de Fraen opgezwonge gëtt, riskéiere mir an e sanitären Noutstand ze kommen.
E Land wéi Lëtzebuerg kënnt de schéine, flaache Verschloss ganz séier duersetzen an zu enger besserer Zefriddenheet a Gesondheet vu senge Broschtkriibs Patientinnenn a Patiente beidroen.
Telegramm vum 10.11.2023
Le consentement libre et éclairé.
Wat bedeit dat?
- Däin Dokter muss dech op all Méiglechkeeten vun Trätement, dat Dir bevirsteet, hiweisen.
- Däin Dokter dierf Dech net duerch seng eege Gefiller beaflossen fir eppes mat Dir ze maachen, wat's du net wells.
- All Virdeeler, Nodeeler a Risike müssen Dir virun denger Operatioun erkläert ginn.
- Du muss Zäit hu fir eng Decisioun ze treffen an Du muss d'Méiglechkeet hunn fir, mat enger Frëndin oder enger Psychologin ze schwätzen wann's du Angscht oder Zweifel hues.
- Wann Däin Dokter Drock op dech ausübt, zum Beispill wann hie seet dass du séilesch net ouni Broscht kanns liewen obwuel's du de Contraire denks, riicht dech un en aneren Dokter oder ruff direkt der Fondation Cancer un.
-Fro der Dokumentatioun un iwwert all Méiglechkeeten, wéi's du no enger Mastektomie kanns ausgesinn.
- Du hues d'Recht eng zweet Meenung ze froen.
- Kontaktéier eng Selbsthilfegrupp, déi Fraen déi sech do engagéieren hunn dat Selwecht matgemaach.
- Géi vu lo un net méi alleng an d'Consultatiounen fir dass du en Zeien hues.
- Huel direkt eng Breast Care Nurse zu Hëllef.
Wann's Du net de Courage opbréngs deng Meenung an Deng Wënsch virun denger Operatioun duerchzesëtzen, riskéiers Du an eng schlëmm Spiral vun Operationen a Leed ze kommen.
Gudde Rot kriss Du bei Ablatio mammae - Selbstbewusst ohne Brust e. V. - AMSOB oder schreif op mengwiel@gmail.com, mir ruffen Dir zeréck.
Wann en Dokter oder eng Fleegepersoun ofwäertend Commentären iwwer mastektomiséiert Fraen, déi keen Opbau wënschen, ausdrécken, mellt dat dem Comité d'éthique wann ech glift.
Wir benötigen Ihre Zustimmung zum Laden der Übersetzungen
Wir nutzen einen Drittanbieter-Service, um den Inhalt der Website zu übersetzen, der möglicherweise Daten über Ihre Aktivitäten sammelt. Bitte überprüfen Sie die Details in der Datenschutzerklärung und akzeptieren Sie den Dienst, um die Übersetzungen zu sehen.